Eise Cercle

Viru laanger, laanger Zäit hu sech zwee Lëtzebuerger zoufälleg bei der Frittebud op der Gare zu Namur getraff a festgestallt, dass se allen zwee, ouni ët ze wëssen, op der selwechter Uni waren. An enger Sëtzung, déi bis spéit an d'Nuecht gedauert huet, hu se du beschloss, all d'Lëtzebuerger Studenten zu Namur ze kontaktéieren a sech regelméisseg ze treffen.
Am September 1989 ass dunn d'A.s.b.l. vun de „Lëtzebuerger Studenten zu Namur“ gegrënnt ginn, déi och haut nach ëmmer besteet. All Joër begréisse mir nei Lëtzebuerger hei um Campus.
Wat ass eist Ziel ?
Ganz einfach!!!!
- De Regroupement an d'Représentatioun vun de Lëtzebuerger Studenten zu Namur a vun deenen déi sech eisem Land no fillen, op dat lo an der A.C.E.L. (Association des Cercles et des Etudiants Luxembourgeois) ass oder an der A.G.E. (Assemblée Générale des Etudiants) hei zu Namur.
- "Kulturell" Aktivitéiten, wéi zum Beispill:
• eise Stammdësch all Dënschdeg um acht an eisem Stammbistro “Le Quartier Latin (an der rue de Bruxelles)
• eis Iessen (zumols nom Rallye des Bleus a fir Niklosdag)
• Eräusgoen op d'Namurer Studentebaler: Bal des Bleus, St. Nicolas, St. Valentin, Bal des Busés,...
• Visiten: 24 Stonne Velo zu Louvain-la-Neuve, 6 Stonne Schubkuar zu Gembloux, Bréissel
• verschidde sportlich an kulturell Aktivitéiten (zesumme Badminton, Bowling, Tennis spille, PickNick’en, Schlittschung lafe goen, Exploration du Monde, Theater etc.)

Wien ass online

There are currently 0 users and 1 guest online.

User login